Saz (Mathematik)
Ausgesinn
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Saz oder Theorem ass an der Mathematik eng widdersprochsfräi logesch Ausso, déi mat Hëllef vun engem Beweis als wouer erkannt, dat heescht aus Axiomen a scho bekannte Sätz hiergeleet ka ginn.
E Saz gëtt jee no Roll, Bedeitung oder Kontext dacks och anescht genannt:
- Ee Lemma ass eng Ausso, déi als Hëllefssaz nëmmen am Beweis vun anere Sätz benotzt gëtt.
- Ee Korrolar ass eng trivial Follgerung, déi sech aus engem Saz oder enger Definitioun ouni gréisseren Opwand erginn.
- De Saz am enke Sënn gëtt eng wesentlech Erkenntnis erëm.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mathematesch Sätz – Biller, Videoen oder Audiodateien |